Albinusfeier zu Fëschbech

Och 2019 ass zu Fëschbech déi traditionell Albinusfeier gewiescht. Obwuel et Moies staark gereent huet, haten sech eng Ronn 30 Gefierer zu Fëschbech getraff, fir am Cortège an Mass ze fueren. An der Mass huet de Kaploun Tristan Häcker d’Plaquetten fir Trakteren, déi spéider verdeelt goufen, niewent der Statue vum Hl. Albinus geseent. Wärend der Mass hunn Kommiounskanner zesummen mat hiren Elteren, awer och nach hiert Dafverspriechen erneiert.
No der Feier an der Kierch sinn Gefierer, ouni Reen, geseent ginn fir uschléissend ob de Feierläscherapéro vun de Pompjeeën ob Schous ze fueren.