Feier zu Éieren vum THEO WEIRICH als neien Éierebuergermeeschter

Nodeems de Gemengerot a senger Sëtzung vum 13. Dezember 2017 den Théo Weirich fir säin 30-jähregen politeschen Asaz fir Gemeng FLUESSWEILER, dovun 12 Joer als Buergermeeschter, eestëmmeg zum Éierebuergermeeschter ernannt huet, huet hien dësen Éierentitel lo an enger flotter Feier offiziell iwwerreecht kritt. Bei dësem Evenement, wou Vertrieder vun den Duerfveräiner a laangjäreg politesch Weggefährte vum Théo présent waren, si wichteg Réussite, Projeten an awer och vill Anekdoten vu sengem Wierken a Schaffen fir d ‘Awunner vun senger Gemeng an Erënnerung geruff ginn. Eng vun de lëschtegen Anekdoten konnt dësen Owend och definitiv zu Enn bruecht ginn an zwar d ‘Dämpe vun enger spezieller Friddenspäif fir den Zwist ëm eng Grenz um Widderbierg zwëschent dem Théo an sengem Amtskolleg vun der Betzder Gemeng, dem Edgard Arendt ze begruewen. (Fotoen: Norry Stoltz)