Nei Leit fir d´Fluessweiler Gemeng dynamesch a kompetent. (No de Wahlen)

Léiw Wielerinnen a Wieler aus der Fluessweiler Gemeng,

Heimat wëlle mir Iech villmols Merci soen fir är Ënnerstëtzung. Wa mir och net esou ganz können zefridden sin mat éisem Resultat sou wëlle mir dach an deene kommenden sechs Joer alles drusetzen fir éis Wielerinnen a Wieler würdeg ze vertrieden an zum Wuel vun éiser Gemeng ze schaffen.

All éise gewielten Kollegen wënschen mir all gudds fir hier Mandat. Deenen déi net gewielt goufen och nëmmen daat Bescht fir d´Zukunft.

Villmols Merci nach eng kéier un Iech all a mir wärten och weider fir Iech do sin.

Är nei Leit fir d´Gemeng Fluessweiler: Bibi LANNERS, Jean-Marie SADLER, Jeff WAGNER, Alain WEIER, Betty WEIS-STÜBER a Jacques ZAHLEN.

Nei Leit, nei Iddien a nei Weeër, sou wëlle mir trotzdem mat vill Elan fir Iech, léiw Matbierger, un d´Aarbecht goen.