29 500 € vun de "Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng gespendt

Theatersaison 2020 wäerten « Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng » sou séier net vergiessen: vun haut op muer war d‘Theaterspille wénks Corona net méi erlaabt a sou konnte leider just 5 vu 7 Seance gespillt ginn.


Trotzdeem sinn « Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng » awer enorm houfreg, endlech e Chèque an der Héicht vu 29 500 €, deen duerch den Erléis vun der Kaffisstuff, déi am Advent 2019 organiséiert gouf, wéi och duerch Theaterspillen am Mäerz 2020, u 6 verschidde sozial Wierker kënnen z’iwwerreechen.


D’Monique Flies, responsabel fir dësen dynamesche Grupp, huet jidderengem fir deen immensen Engagement an déi grouss Solidaritéit en décke Merci iwwerbruecht.

Mat dësem Don ënnerstëtzen d‘« Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng »  folgend Organisatiounen a Projeten: 


- Fondatioun Kriibskrank Kanner (5 500 €)

- Hëllefsprojete vun der ONG Guiden a Scouten fir ENG Welt (5 500 €)

- Sclérose en plaques (5 500 €)

- Schoul am Gabon (5 500 €)

- Sozialaktioun vum Parverband Fréiseng  (5 500 €)

- Streets Souls asbl Rumänien (2 000 €)