"D'Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng" spende 4000€

Wéi all Joers hunn « d’Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng» ufanks Dezember 2023 op hier traditionell „Kaffisstuff“ invitéiert.

Bei flotter Musek vum Xavier Girsch, konnt zu Helleng an der Hal e schéinen Nomëtte verbruecht ginn. Och de Kleeschen huet et sech net entgoe gelooss, bei deem gesellege Mëtten derbäi ze sinn. 

„D’Hellenger Fraen a Mammen » sinn houfreg duerch den Erléis vun der « Kaffisstuff“ 4000€ un d’Associatioun „Médecins du Monde“ kënnen ze spenden.