4000 € vun de "Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng" gespent

Helleng-Fréiseng


Et ass impressionant, mat wéi enger Freed  « d‘Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng » leschten Advent rëm op eng weider „Kaffisstuff“ invitéiert hunn. Duerch deen enormen Asaz vu jidderengem, war den Erfolleg vun dësem gesellege Mëtte garantéiert an sou konnt bei flotter Ambiance vill gedanzt a gepotert ginn.


D’Monique Flies, responsabel fir dësen dynamesche Grupp, huet jidderengem fir deen immensen Engagement an déi grouss Solidaritéit en décke Merci ausgeschwat.


« D‘Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng » sinn houfreg, duerch den Erléis vun der „Kaffisstuff“ e Chèque an der Héicht vu 4000 € un Parkinson Lëtzebuerg a.s.b.l konnten z’iwwerweisen.


Dofir markéiert Iech all lo schonns den 1. Advent (sonndes, den 3. Dezember 2023), fir déi nächst Editioun vun der „Kaffisstuff“ net ze verpassen!