Maisi siicht e warmt Doheem mat Ausgang

Mäi Numm ass Maisi, mee ech sinn ee Kueder.

Ech sinn ongeféier 10 Joer al.

Méng Mamma wosst net, datt ech ee Kueder wier, wou ech hier zougelaf sinn.

Sie huet elo jorelaang fir mech gesuergt, mee leider huet sie elo missen an d’Klinik an ech krut gesoot, datt Sie net méi zeréck bei mech heem wert kommen 😔.

Elo sinn ech op der Sich no engem neien Béchsenöffner.

Mäin Alldag besteet doranner, moies aus dem Haus ze goen an iwwerall friessen ze goen, wou et eppes gëtt. Dofir hunn ech och ee klenge Speckmantel.

Owes kommen ech heem schlofen.

Ech sinn ee léiwe Kärel, mee hunn e bëssen Angscht virun frieme Leit. Just méng Mamma konnt mech heemlen.

Mee hunn dat dann och richteg genoss.

Wann dir mech wëllt kenneléieren an matt mir zesummen ee klenge Régime wëllt maachen no den Feierdeeg, dann géif ech mech vill fréen dass dir um 621743773 urufft, merci, äre Maisi