GENERALVERSAMMLUNG VUN DEN GONNERENGER THEATERFRËNN '93.


No der Begréissung vum Lily Muller (Presidentin), huet d'Sekretärin Joëlle Muller den gudd gefëllten Aktivitéitsbericht vun der Theatersaison 2012/13 virgedroen. De Keessebericht huet de Pierre Strasser virgeluecht.
D'Lily Muller huet duerno der Versammlung matgedeelt, dass si de Presidentenposten no enger Amtszaït vun 20 Joer géing ofgin. Si huet alle Memberen Merci gesot fir déi flott a manner flott Momenter déi si als Presidentin mat hinnen verbruecht huet.
Mat enger schéiner Orchidee, an engem Kado gouf si mat enger "Standing Ovation" fir hiert Engagement belount.
Den Pierre Strasser huet sech bereet erkläert fir de Presidentenposten ze iwwerhuelen, an d'Lily Muller as vun der Versammlung als Eiere-Presidentin ernannt gin.
De Komitee setzt sech aus folgend zesummen: Pierre Strasser, Lily Muller, Joëlle Muller, Marie-Jeanne Strasser, Julie Baur, Michel Lux, Jos Even.
Nächste Manifestatioun : Theaterowender zu Gonneréng an zu Lënster.