Kachcours fir Männer

An der Gemeng Jonglënster ass den 25. Januar den zweete Kachcours fir Männer op een Enn gaang.

Während 4 Owenter huet eng Equipe vun 13 Männer ënnert dem Coaching vun enger Dieteticienne eng ganz reie vu gudde Menü'er gekacht an dobäi nach etlech neies geléiert.

De Cours wor tipp Top, mir hunn eppes geléiert, ons gutt amuséiert a gutt giess...wat well e méi.