Gouschteng: Generalversammlung an Ofschlossfeier

Viru kuerzem huet d'Chorale Gouschteng hier Generalversammlung fir d'Joer 2016 ofgehalen. Zesumme mat der Chorale vu Wuermer gouf no engem gemittlechen Iessen am Restaurant Schumacher e Scheck iwwer 3.800 € un den Här Peter Firmenich, Vizepresident vu Médecins Sans Frontières (MSF ) Lëtzebuerg, iwwerreecht. Dat wor den Erléis vun der Quête nom Jubiläumsconcert den 18. September 2016 fir den 145. Anniversaire vun der Chorale Gouschteng an 30 Joer Organist Luc Rollinger zu Gouschteng, mat der russescher Violonistin Alena Baeva, dem Multiperkussionist Sven Kiefer an de Choralle vu Gouschteng a Wuermer. Bei dëser Geleeënheet krut och jiddfereen, deen do matgewierkt hat, eng DVD vum Concert als Souvenir geschenkt. (Foto: Christiane Schmit)