Wunnen am Gouschtenger "Härenhaus"

Nodeems den Här Auguste Wampach, Paschtouer zu Gouschteng vun 1956 bis 1976, aus dem Härenhaus ausgezu wor, koum d’Haus an de Besëtz vun der Gemeng Fluessweller, déi et 30 Joer laang verlount huet.
Well et an engem schlechten Zoustand war, huet de Schäfferot 2011 beschloss, d’Haus ofzerappen a 4 Sozialwunnechten op där Plaz bauen ze loossen.
No deem üblechen, sougenannte Pabeierkrich, goung et am September 2015 lass mam Ofrappen an Opbauen, no de Pläng vum Architektebüro iPlan by marc gubbini. De 7. Abrëll 2017 war et dann esouwäit, datt déi fäerdeg Wunnechte konnten ageweit ginn. Nodeems den Här Minister Marc Hansen an d’Member vum Schäfferot d’Bändchen duerchgeschnidden haten, huet den Här Paschtouer Guy Diederich déi nei Gebäilechkeete geseent, an de Wee war fräi fir d’Visite duerch déi ageluede Gäscht. Si konnten sech iwwerzeege vun der héiger Qualitéit vun den 2 respektiv 3 Zëmmer-Appartementer mat 72 a 84 Quadratmeter Wunnfläch, déi mat AA an engem héijen Energie-Konzept klasséiert sinn.
No der Visite huet d’Gemeng op den Éierewäin an de Centre Culturel agelueden, wou den Här Buergermeeschter während der Videoprojektioun vum Architektebüro nach déi verschidden Etappe vum Ofrëss bis zur Aweiung erkläert huet. Den Här Minister huet seng Bereetschaft zu engem weidere gudden Zesummeschaffe mat der Fluessweller Gemeng erkläert, well si jo nach en etlech Sozialwunnechten am Plang huet. Interessant war, datt den Architekt un där aler Traditioun festhält, bei all Aweiung e Brout, e Pak Salz an eng Fläsch Wäin un de Bauhär ze iwwerreechen, fir datt et deenen neien Awunner ni sollt un Iessen, Drénken a Wuelgefill feelen.
Dé nei Wunnechte gi vun der Gemeng u Leit mat niddregem Akommes verlount, déi nach keng eege Wunnecht zu Lëtzebuerg oder am Ausland hunn.