Op der Hëtt ass eng méi lass!

Op der Hëtt (Greiweldeng) ass eng méi lass.- Do wou soss d'Fëscher sech rendez-vous ginn hunn, wou d'Leit de Weekend an d'Feierdeeg gemittlech gegrillt oder relaxt hunn, do rubbelen elo d'Bagger an d'Steemillen, an ee Camion nom aner kënnt oder fiert nees fort. Fir d'Strooss vu Stadbriedemes bis op d'Hëttermillen nei ze man, wéinst Kläranlag a Vëloswee, gëtt en neit System ausprobéiert. Aplaz datt 20 oder méi Camionen dat ausgebaggert Stroossebett fort op eng Deponie féieren an dann nees nei Wuer erbäibréngen, geet et duer, wann 8 Camionen déi al Wuer op d'Hëtt bréngen, wou alles reng gemuel gëtt an nees zréck an dat neit Stroossebett kënnt. Fazit: manner Transport, manner Deponië voll, Zäitgewënn! - Ower: "wo man hobelt, fallen Späne!" Et ass net agreabel fir d'Leit, déi do wunnen: Kaméidi a Stëbs.- Da musse mer alt mat dem Nic Hein sengem Wënzer am Gedicht "Der Winzer", no nees engem schlechten Drauwenherrscht, hoffen, et géif besser: "Wohl nächstes Jahr, wohl nächstes Jahr!"