DIPLOMIWWERREECHUNG AM MAACHER LYCÉE

DEN MLG ÉIERT SENG SCHÜLER VUN DEN OFSCHLOSSKLASSEN 2019/20

Fir d’Premièresschüler vum Maacher Lycée huet d’Schouljoer 2019/20, dat net just wéinst dem 50järegen Anniversaire vum MLG e ganzt speziellt war, mat der Diplomiwwerreechung vum Méindeg, de 6. Juli 2020, e wierdegen Ofschloss fonnt.

An zwou separate Séancen goufen deen Owend fir d’éischt déi beschte Schüler vun de 5 Ofschlossklassen mat engem Certificat a Geldpräis ausgezeechent, an duerno kruten déi 56 Laureate vun de Klassen 1GSO (Sozialwëssenschaften), 1GIG (Ingénierie), 1GSN (Naturwëssenschaften) an 1TPCM (Commerce), a Präsenz vun hiren Elteren an Enseignanten, hiren Diplom vum Direkter Gilles Estgen iwwerreecht. Awer och de Prix d’excellence fir de beschte Schüler vun der Promotioun 2019/20 konnt deen Owend un d’Lynn Huss, Schülerin vun der 1GIG, verdeelt ginn.

A senger Ried huet de Gilles Estgen betount, wie wichteg et dem Maacher Lycée trotz den aktuellen Ëmstänn wéinst der COVID 19-Kris war, eng flott an uspriechend Feier fir seng Schüler an hir Elteren kënnen ze organiséieren. Niewt senge Glëckwënsch zu de gudden a souguer exzellente Resultater huet de Gilles Estgen de Laureaten engersäits vill Gléck fir hir weider Zukunft gewënscht, a si anerersäits och dozou encouragéiert, ëmmer e kritesche Geescht ze behalen an net einfach mat der Mass ze schwammen. Am Maacher Lycée géingen d’Dire fir si ëmmer opstoen an d’Schoulcommunautéit géif sech freeën, si och an den nächsten Joeren bei däer enger oder anerer Geleeënheet nees erëmzegesinn.

De musikaleschen Encadrement vum Owend gouf assuréiert vum Michel Lopes, sénges Zeechens Muséksenseignant am Maacher Lycée, um Piano, zesumme mam Philippe Schwartz um Euphonium. Awer och d’Schüler selwer hunn an engem lëschtege Gedicht hiren Enseignante geduecht an hirt lescht Schouljoer am Maacher Lycée Revue op eng witzeg Art a Weis Revue passéiere gelooss. Fir flott Souveniren vun dëser Diplomiwwerreechung huet de Carlo Rinnen gesuergt, deen net nëmmen d’Zeremonie selwer am Bild festgehal, mee och duerno nach eng ganz Rei Fotoe vun de Laureaten an hiren houfregen Elteren gemaach huet. An ier et op den Heemwee goung, krut jiddferee vun dene Jonken als Erënnerung un dësen Owend an hir Schoulzäit am MLG e Coffret mat Wäin a Crémant Cuvée spéciale 50 Joer Maacher Lycée iwwerreecht.

Colette Weyrich via mywort.lu