Generalversammlung vun der LPPD Iechternach an Ëmgéigend

D’Memberen an d’Sympathisanten vun der LPPD, Sektioun Iechternach an Ëmgéigend (Ligue vun de Lëtzebuerger Politesche Prisonnéier an Déportéierten am 2. Weltkrich) hunn sech virun kuerzem zu Haler am Restaurant „Gudde Kascht“ fir hir jäerlech Generalversammlung getraff. Niewent de Membren an Symphatisanten konnt de President Marcel Ewers den Här Jean Pirsch, President vum Comité Central vun der LPPD, an den Här Buergermeeschter Jean-Luc Schleich, deen am Numm vun der Gemeng Waldbëlleg op den Éierewäin invitéiert huet, begréissen.
Nom Mëttegiessen huet an der Generalversammlung den Pierre Huss den Aktivitéits- an Keesebericht dur geluecht. Enner anerem huet den Här Pirsch dann duerno ganz interessant Ablécker iwwer d’Vergangenheet an d’Zukunft vun der LPPD gemaach. Den Comité huet sech gefreet datt die dësjäereg Versammlung sou gutt besicht war an hofft och d’nächst Joer rëm sou vill Leit kennen ze begréissen.