Aktioun Hëlleft ons hëllefen


Hëlleft ons hëllefen

D´Famill Rácz wunnt zu Csókakő, eng bescheide Famill mat 3 klénge Kanner an engem kléngen Akommes wéi dat an dem kléngen Duerf Csókakő scho bal üblech ass.

Méindes den 1. Juli kum ët zu enger Tragödie. Hierem Noper, dee Rottweiler ziecht ass beim Fidderen ee Rottweiler aus dem Zwinger gelaaf, direkt eraus op d´Strooss an huet dat kléngt Rácz Léna 2 ½ Jor ugegraff. Mat schlëmme Kappverletzungen ass hat mam Rettungshelikopter op Budapest an Spidol geflu ginn.

Direkt ass hat 7 Stonnen lang noutopréiert ginn an 5 Deeg an de kënstleche Koma geluergt ginn. Zum heitegen Zäitpunkt ass hat ausser Liewensgefohr.

An deenen nächsten Deeg, Wochen, Méint a Joren stinn dem Meedchen eng ëtlech Operationen bevir, well séng rechts Gesiichtssäit an de Kapp schwéier verwonnd goufen.

An Ungarn ass ët nach schlëmmer wéi hei am Land well do Krankekees nët vill iwwerhëllt. Zu Csókakő selwer an op den Soziale Netzer sinn Spendeaktiounen an d´Liewe geruff ginn.

Ons Asbl wëll mat hëllefen dass d´Meedchen medizinesch gehollef kritt an herno een eenegermoossen normalt Ausgesin kann hun.

Mee ouni äer Mathëllef ass dat nët méiglech, dofir hëlleft ons hëllefen an iwwerweist ee Montant op ons Kontonummer mam Vermierk „Lena“. Well d´Hëllef elo direkt gebrauch gët iwwerweise mir lafend d´Zommen op de Kont vun der Famill. Mir sinn och a Kontakt mat der Famill sou dass´e mir lafend iwer deen neisten Gesondheetszoustand vum Léna informéiert sinn.

All Iwwerweisung ab 25 Euro kritt eng Invitatioun op eng Scheckiwwereechnung déi den 27. September zu Hiefenech an der Hal ass.

Wieder Informatiounen kritt dir gäeren bei onse Memberen.

Am viraus een decke Merci am Numm vum Léna a sénger Famill