Fréijor's Ausfluch vun der Amiperas Hiefenech-Reiland

Kiirzlech hat de Comité vun der Amiperas Sektioun een Aufluch op Durbuy organiséiert. Vill Membren hun vun der Gelegenheet profitéiert fir dat kléngt Stiedchen ze besichen. Zu Durbuy ukomm, stung een Zichelchen zur Verfügung fir d'Leit op eng flott Aussichtsplaaz ze féieren. Uschléissend stung Mëttegiessen um Programm. Duerno sollt deen impressionanten Park besicht ginn mee well sech een Donnerwieder ugekënnegt huet, ass eng flott Terasse eräus gesicht ginn. Erëm zu Hiefenech ukomm stung Ham, Fritten an Zalot zum Ofschloss um Programm.