Gegrillt fir e gudden Zweck

Fraën a Mammen Hiefenech/Reiland an d'Frënn vun Csókakö haten zesummen ee Grillfest organiséiert. Den Erléiss war fir ee gudden Zweck geduecht. Op enger klénger Feier goufen Checker verdeelt. D'Fraën a Mammen hun ee Check am Wert vun 3.000 € un d'Asbl Leederwon vertrueden duerch den Här Aendekerk Peter iwwerreecht. Déi Asbl huet och den Erléis vun der 1. Mee Wanderung déi vun der lokaler Kultur- an Ëmweltkommissioun organiséiert war kritt. D'Frënn vun Csókakö ginn den Erléis un d'Famill Szabó aus Csókakö. Ofschléissend huet den Här Aendekerk de Fraën a Mammen Merci gesot, hien huet an e puer Wieder de Projet Leederwon virgestalt. De Buergermeeschter Jérome Seiler huet am Numm vum Schäffen- a Gemengerot deenen zwee Veräiner Merci gesot an huet op den Éirewäin invitéiert.