Journée du Grand Âge

D´Amiperas Sektioun Hiefenech-Reiland huet kierzlech hiren "Journée du Grand Âge" gefeiert. D´Feierlegkeeten hu mat enger Mass an der Kierch zu Hiefenech déi vum Paschtouer Robert Kuzwela zelebréiert gouf ugefangen. No der Mass hun Membren vun der Amiperas Sektioun sech am Centre Culturel getraff, wou a Vertreidung vum Schäffen- a Gemengerot de Schäffen Pit Wilgé zum Éirewäin invitéiert huet. Mëttegiessen war am Restaurant vum Euro Hotel zu Gonneréng. Nom Kaffi huet Présidentin Régine Winckel Membren begréisst a wéi schon zur Traditioun, sinn déi Membren déi am laafenden Jor Gebuertsdag haten oder hun mat enger Corbeille mat Produkter äus dem Naturpark Mëllerdall geéiert ginn. Déi geéiert Gebuertsdagskanner waren fir 80 Jor Céline Besenius, fir 85 Jor Maria Kayser-Kerschen an Ben Kraus.