Transport mat Hëllefsgüter fir Csókakö

Zu Hiefenech hun d´Frënn vun Csókakö deen zweeten Camion fir 2019 mat Hëllefsgüter fir Csókakö gelueden. Csókakö ass ee kléngt Duerf an Ungarn, mat dem Duerf huet d´Asbl zënter 20 Joër eng ganz intensiv Partnerschaft. Beim lueden si mir vum Andrea Hanzséros déi stänneg Vertriedung vun der ungarischer Botschaft zu Lëtzebuerg ass a vum Szilvia Basa ënnerstëtzt ginn. Niewend Miwwelen sinn och vill Kleeder, Spillsaachen, Schong, Handwierksgeschir asw. geluede ginn. All deene Leit déi ons Material zur Verfügung gestalt hun vun onser Säit aus ee grousse Merci.