Ungarischen Dag mat Scheckiwwereechung

Viru kuurzem hat d'Asbl Frënn vun Csókakő hiren 17ten ungarischen Dag organiséiert. Am Kader vun dem Fest sinn och Schecken iwwereecht ginn. Deen éischten am Wert vun 2.122.- Euro huet de Jean Elcheroth am Numm vun der Amitié Hongroise-Luxembourgeoise dem Buergermeeschter Fűrész György iwwereecht. Déi Amitié gouf no langjähreger Tätegkeet opgeléisst a mam Rescht vun der Kees gouf de Projet "Een neien Dach fir d'Schoul" vun Csókakő ënnerstëtzt. Deen zweete Scheck vun der Entreprise Tavares da Silva Frères am Wert vun 1.000.- Euro geht un de Pompjees Corps vun Csókakő. Als Président vun de Frënn vun Csókakő huet de Guy Schiltz ee ganz grousse Merci un déi 2 Donateurën ausgeschwat.