30-jäerigt Jubiläum van de Frauen a Mammen Héinescht-Fëschbich a Kaalber

Kierzlich hann d’Frauen a Mamme van Héinescht-Fëschbich a Kaalber hiert 30-jäerigt Bestoe gefeiert. De Veräin Frauen a Mammen hatt zwar well vill Jore virdraa bestannen ouni gréisser Aktivitéiten.

Am Jor 1992 gouf de Veräin nei opgestallt an zënterhier gëtt et niäwwent dem traditionellen Adventsbazar zahlreich Veranstaltungen am Lof vam Jor. Wäerend deenen 30 Jor goufen insgesamt 150.000€ aa karitativ Organisatiounen gespend.

No enger Mass fir all liäwwig a verstuarrwe Membre vam Veräin gouf am Restaurant Reiff zu Fëschbich gebührend gefeiert .