Feierlich Firmung zu Héinescht

Zu Héinescht an der Kirich krute kuerz no Pingsten nët manner wi 15 Kanner an 3 Erwaassener am Kader van enger feierlicher Pontifikalmass, déi van der Fanfare an der Chorale Ste-Cécile van Héinescht encadréiert guff, vam Weibëschof Léon Wagener d'Sakrament van der Helliger Firmung gespend. D'Patenschaft iwwer d'Firmlinge Mathi Jans, Théid Kayser, Julien Landers, Jo Lentz, Ben Linckels, Claire Linckels, Nina Lutgen, José Marques, Manon Meyers, Emilie Paiva Abreu, Mil Reiter, Lucas Simoes Silva, Chloé Smeets, Michelle Trost, Dan Zeimes, Paula De Sousa Venancio, Pascale Heinesch an Ana Pereira haten d'Danièle Thielen-Schroeder an de Fernand Koch iwwerhollt. No der Mass hat d'Gemeng Cliärref dunn op eng kleng Receptioun am Centre culturel invitéiert, wu o de President vam lokale Kiricherot, Fernand Simon, an de Buergermeester Emile Eicher de Firmlingen zu dësem schingen Dag gratuléiert hann.