Héinescht: Diplomiwwerreechung un d'Musiksschüler bei der Fanfare Ste-Cécile

Am Kader van der Generalversammlung van der Fanfare Sainte-Cécile van Héinescht hat sich de President Roland Spaus viraa Kuerzem stolz op seng Musikantinnen a Musikante gewisen, déi déi Héineschter Musik dank enger virbildlicher Prouwendisziplin an enger geselliger Veräinsatmosphär mëttlerweil op ee ganz flotte musikalische Niveau gefouert hätten, deen zuletzt o rëm bäim traditionelle Galaconcert konnt ënner Beweis gestallt giän.

Eng Entwécklung, déi ewer net ouni een engagéierten Dirigent Jean-Julien Servais an d'Ënnerstëtzung va ganz ville Frënn a Sponsoren resp. der Mathëllef van der Gemeng Cliärref hätt kënne stattfannen, su de Roland Spaus, deen dann o jidderengem, deen ëmmer Hand aapackt, ee gruusse Merci gesot hat.

D'Héineschter Musik zällt den Ament 68 Memberen, dovaan 51 aktiv Musikanten. No der Corona-Joeren ass d'Musik mëttlerweil rëm ganz aktiv an den 21. an 22. Oktober 2023 soll o ërem eent Musiksfest zu Héinescht gefeiert giän.

Nodeems d'Jill Jungels-Schmitz an de Michel Simon nei an de Comité opgehollt goufen, hat de Roland Spaus du zesame mam Buergermeester Emile Eicher a mam Gemengerotsmember Raymond Beffort an o mat der Veräinsvertreterin bäi der Cliärrwer Ugda-Musiksschull, dem Melanie Kesseler-Faber, Diplomer aa folgend fläissig Musiksschüler iwwerreecht: Ann Hermes, Luc Hermes, Nadine Hermes-Beffort, Joshua Jank, Lou Kayser, Dani Kneip, Margot Kneip, Nicolas Kneip, Sévérine Kneip-Martinez, Noémie Kraus, Leo Kremer, Alex Lamberty, Amélie Lamberty, Daniel Lamesch, Nic Lanners, Ben Linckels, Claire Linckels, Pol Linckels, Nina Lutgen, Mex Poirrier, Sam Poirrier, Lina Recken, Svea Recken, Monique Rosseler, Len Schanck, Fiona Theissen, Marvin Theissen, Lilya Trifonova an Ean Zenner.

De Comité van der Héineschter Musik setzt sich den Ament folgendermoossen zesamen: Roland Spaus, Nathalie Lamberty-Brachtenbach, Schmitz Louis, Tom Recken, Jeannot Simon, Melanie Kesseler-Faber, Véronique Frisch, Michel Simon a Jill Jungels-Schmitz.