Héinescht: Kommiounskanner weisen Häerz

Am Kader van der traditioneller Danksagungsmass zum Aafschloss vam Schulljor hann d'Kommiounskanner vam Porverband Cliärref viraa Kuerzem zu Héinescht an der Kirich den Erliis van hirer Solidaritéitsaktioun a Form van engem Scheck iwwer 10.000 Euro aan d'Fondation du Tricentenaire iwwerreecht. D'Sue wäerten an de Bau van engem neie Foyer vam Tricentenaire fléissen, deen zu Heesdrëf opgeriicht gëtt, wi d'Vizepresidentin Marie Anne Rodesch-Hengesch erkläert hatt, déi sich am Nam van der Fondatioun dann o ganz häerzlich bäi de Kanner bedankt hatt.