Hengescht: Scheckiwwerreechung van de Kanner aus der Catéchèse Por Cliärref

Viru Kuerzem konnten d'Kanner aus der Catéchèse Por Cliärref ee Scheck van 2000 Euro aan d'Madamm Elke Grün vam Kannermissiounswierk Lëtzebuerg iwwerreechen.

Domatt ënnerstëtzen si Kanner an Indonesien. D'Zomm van 2000 Euro ass d'Resultat van enger grousser Bastelaktioun, wou 60 Kanner, zesame mat 16 Erwaassener, Chrëstdekoratioune gebastelt haten, déi op Helligowend no dem Krëppespill zu Hengescht verkoft goufen.