E Sonndeg, 29. Juni, war internationalen Dag vun der oppener Gaardepäertelchen. D'Madame Marie-Rose Simon-Frising hat sech gemeldt fir matzemaen. Also kumm hire Gaart mat op d'Lëst vun deenen 29 Gäert, déi interesséierte Gaardefrënn sech konnten ukucke goen. Dat Besonnescht un der Mme Simon hirem Gaart ass, datt do viru 4 Joer na nëmmen e gewéinlechen Pesch vun engem Bauerehaus mat e puer alen Uebstbeem war. Mat vill Léift huet si deen zu engem wonnerbaren Gaart ëmgestalt. Si huet d'Talent fir Ales mat Neiem ze verbannen a mat vill Kreativitéit zu Wierk ze goen. An deem Gaart gëtt net gesprëtzt an Dünger kënnt nëmmen an organischer Form zum Asaz. D'Madame Simon, eng leidenschaftlich Molerin, hat och hirer Biller ausgestalt an d'Schëlter mat de Nimm vun de Planzen waren mat vill Léift zum Détail künstlerisch gestalt.
De Gaart an Heem vun Ëlwen hat sech eng Eier draus gemat eng kleng Hand mat unzepaken fir d'Gäst ze empfänken an ze verwinnen. Et kumm zu villen interessante Gespréicher a vill Kontakter ënner Gaardefrënn goufe gekneppt. Iwwert de ganzen Dag ewech haten eng 50 Leit de Wee op Heesdrëf fonnt a si hunn sech begléckt gewisen iwwert dat wat hinne do gebueden gouf.