37 000 € vun de "Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng" gespendt

Duerch den Erléis vun der Kaffisstuff, déi am leschten Advent organiséiert gouf, wéi och duerch Theaterspillen am Mäerz 2019, sinn « Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng » houfreg, och dëst Joer erëm e Chèque an der Héicht vu 37 000 € u 6 verschidde sozial Wierker kënnen z’iwwerreechen.


D’Monique Flies, responsabel fir dësen dynamesche Grupp, huet jidderengem fir deen immensen Engagement an déi grouss Solidaritéit en décke Merci iwwerbruecht.


Mat dësem Don ënnerstëtzen d‘« Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng »  folgend Organisatiounen a Projeten: 


-     ONG Lëtzebuerger Guiden a Scouten fir ENG Welt (7 000 €)

-     Sozialaktioun vum Parverband Fréiseng (7 000 €)

-     Syndrome de Marfan den -i asbl (7 000 €)

-     Dokteren vun der Welt  (7 000 €)

- Wonschkutsch (7 000 €)

-     Déierenasyl Diddeleng (2 000 €)