"Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng" spenden 34 500€

Duerch den Erléis vun der Kaffisstuff, déi am leschten Advent organiséiert gouf, wéi och duerch Theaterspillen am Februar-Mäerz 2018, sinn « Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng » houfreg, och dëst Joer erëm e Chèque an der Héicht vu 34 500 € u 6 verschidde sozial Wierker kënnen z’iwwerreechen.


D’Monique Flies, responsabel fir dësen dynamesche Grupp, huet jidderengem fir deen immensen Engagement an déi grouss Solidaritéit en décke Merci iwwerbruecht.


Mat dësem Don ënnerstëtzen d‘« Fraen a Mammen Helleng/Fréiseng »  folgend Organisatiounen a Projeten: 


-     Pour la vie naissanteasbl (6 500 €)

-     Hëllefsprojete vun der ONG « Guiden a Scoutenfir eng Welt » (6 500 €)

-     Sozialaktioun vum Parverband Fréiseng (Cent Buttek) (6 500 €)

-     Caritas Esperanza (6 500 €)

-     Associatioun « Un Sourire pour l’Equateur » (6 500 €)

-     Déierenasyl Diddeleng (2 000 €)