Brouch / Biwer - Mir wellen de Poly Greisen an den Jean Hemes net vergiessen

75 Jar no Krichsenn sinn di zwéin Resistenzler net vergiess.


De Schefferot vun der Gemeng Biwer mat hirem Gemengerot, d´Vertrieder vun der LPPD – Sektioun Iechternach an d´Familljen hunn den 11. resp.12. September, am Agank vun der Kapell Blummen deponéiert. Domadder wollten Si weisen datt de Jean Hemes an de Poly Greisen och haut nach net vergiess sënn. Viru 75 Jar, um Enn vum 2. Weltkrich hunn si op dëser Plaz, bei der Kapell, op eng brutal Manéier hiert Liewen gelooss.

» Zwéi Lëtzebuerger Resistenzler aus dem Mierscher Kanton, de Jäng Hemes aus der Fiels an de Poly Greisen vu Miedernach, allebéid Membere vun der Resistenzorganisatioun LVL, hunn sech drop gefreet, fir endlech erëm hir Fräiheet an engem liberéierte Lëtzebuerg genéissen ze kënnen.

Méindes, den 11. September 1944 – deen éischten Dag no der Liberatioun vun eiser Haaptstad duerch d’Amerikaner - waren si nomëttes mat zwéin Autoen an der Fiels fortgefuer. Mat hirem rout-wäiss-bloe Brassard um Arem, sinn si vun engem Grupp SS gestoppt ginn. Si goufen op ee Camion gelueden an als Gefaangener an enger laanger Kolonn vu Militärween iwwer Gonnereng an Eeschweller op Brouch (Biwer) zou matgeholl.

Wéi op eemol britesch Fliger opgedaucht sinn, hunn d’Militärween stall gehalen an Deckung gesicht ënnert de Stroossebeem; an d’Zaldote sinn aus hire Gefierer erausgespronge an hu sech am Stroossegrouw verstoppt. Heivunner hunn déi zwéi Lëtzebuerger, déi nach eleng am leschte Camion souzen, profitéiert, fir sech duerch d’Wisen an Direktioun Buddeler duerch d’Bascht ze maachen. SS-Zaldoten hunn dat gesinn a mat engem Maschinnegewier op d’Flüchtlinge geschoss, déi leider och getraff goufen. Mat Aarm a Been hunn d’Zaldoten déi zwéi Blesséiert bis duer geschleeft, wou d’Strooss vun Hemstel an d’Strooss Brouch-Bech erakënnt. Hei stoungen zwéi Stréikéip, déi d’SS-Männer a Brand gestach hunn; duerno hunn d’Barbaren déi zwéin Onglécklecher an d’Feier gehäit an nach opgepasst, datt se och net méi aus de Flamen erauskéimen. «

D´Kapell vu Brouch (Biwer) ass op Initiativ vum deemolegen Paschtouer Meyris zu Éieren vum Jean Hemes a Poly Greisen opgeriicht an den 28. September 1947 ageweit ginn, 2014 ass d´Kapell restauréiert an den 14. Oktober 2014, zum 70. Erënnerungsdag, war bei der restauréierter Kapell eng wierdeg a memorabel Gedenkfeier.

D´Kapell soll eis an di kommend Generatiounen un de Poly Greisen an de Jean Hemes, an un dat wat hei geschitt ass, erënneren. Vergiesse mer déi zwee Resistenzler net, hale mir si an déiwer Erënnerung. An esou ewéi um Panneau steet, wëlle mir denken:

» Fir déi ellen Zäit vum 2. Weltkrich net ze vergiessen a fir och nach haut virun Aen ze halen, datt Fräiheet a Fridde keng Selbstverständlechkeet sinn, sollen déi kommend Generatiounen des Plaatz an Éieren halen. «

© Text a Fotoen: Fred Schaaf - 2019