Grouss "Journée des Anciens" vun der Amicale des Anciens SPUERKEESS

Och dëst Joer huet d’Amicale des Anciens SPUERKEESS hir Memberen erëm op hir grouss Journée des Anciens invitéiert.

Trotz kuerzfristegen Ofsoe wéinst enger Coronawell, waren awer ëmmerhin nach 131 Leit den 28. Oktober an de Restaurant Hesper Park komm, wou si vum Chef Bruno Gosset a senger Equipe kulinaresch verwinnt goufen.

No der Usproch vum President Fränz Pauly goufen, wéi ëmmer d’Jubilaren vu 75, 80 an iwwer 80 Joer geéiert.

Fir 75 Joer waren dat: Edgar BACK, André HEINEN, Fernand KIEFER, Diane MAMER-SANTOLINI, Pierre WAGNER, Edouard WELFRINGER an Nicole WELFRINGER-LAURES.

Fir 80 Joer: Anne THIRY an Edmond ROLLINGER, fir 87 Joer : Willy EICKMANN an fir 88 Joer: Paul ERASMY

Duerno ass den Här Camille Fohl, President vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess a senger Usproch op déi rezent Entwécklungen vun der Bank agaangen.

Ënnert den Éieregäscht war och nach den Här Rudi Belli als Vertrieder vum Direktiounscomité vun der Spuerkeess.

An enger Foto- a Videoshow, déi am Hannergrond gelaf ass, si flott Erënnerungen un d’Aktivitéite vun dësem Joer gewise ginn, ënnert anerem d’Flosscroisière op der Donau.

Et war , wéi bei all Aktivitéit vun der Amicale, eng super Ambiance déi bis an de spéiden Nomëtteg ugehalen huet.