Och dëst Joer huet d’Amicale des Anciens SPUERKEESS hir Memberen erëm op hir grouss Journée des Anciens invitéiert.
Den 8. November waren 112 Leit an de Restaurant Hesper Park komm, wou si vum Chef Bruno Gosset a senger Equipe kulinaresch verwinnt goufen.
No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Membere vum leschte Joer huet de President Fränz Pauly a senger Usprooch der Direktioun vun der SPUERKEESS e grousse Merci gesot fir hir logistesch, finanziell a moralesch Ënnerstëtzung vun der Amicale. Hien huet sech och bei de Comitésmembere bedankt fir hir vill Aarbecht, déi si am Laf vum Joer geleescht hunn, fir déi 13 verschidden Aktivitéiten ze organiséieren.
D’Myriam Baltes huet dann och d’Gléckwënsch vum Direktiounscomité vun der SPUERKEESS iwwermëttelt a betount datt d’SPUERKEESS ganz erfreet iwwert déi äerdeg an engagéiert Equipe vun hire Pensionären ass.
No dëser Usprooch goufen, wéi op all Journée, d’Jubilare vu 75, 80 an iwwer 80 Joer geéiert. Hinne goufe Coffreten mat guddem lëtzebuergeschem Wäin iwwerreecht.
Fir 75 Joer waren dat: KINTZELE Nicole
Fir 80 Joer: ARENS Joseph, SCHILTZ François, STOOS Nico
Fir 85 Joer: EVEN Jules
fir 89 Joer : EICKMANN Willy
fir 90 Joer: ERASMY Paul
a fir 91 Joer: LANGUE Michel, deen och deen eelste Member op dëser Journée war.
An enger Foto- a Videoshow, déi am Hannergrond gelaf ass, si flott Erënnerungen un d’Aktivitéite vun de leschte Joren gewise ginn.
Et war, wéi ëmmer bei den Aktivitéite vun der Amicale, eng excellent Ambiance déi bis an de spéiden Nomëtteg ugehalen huet.