Generalversammlung vun der Amicale des Anciens SPUERKEESS

Viru kuerzem war d’Generalversammlung vun der Amicale des Anciens SPUERKEESS.

De President Fränz Pauly huet d’Memberen begréisst an hinne Merci gesot, datt si esou zuelräich komm sinn. Genee 50 Memberen haten sech am Konferenzsall Rousegäertchen vun der Spuerkeess afonnt. A senger Usproch ass hien dann op d’Evolutioun vun de Memberszuel agaang wat unhand vu Statistiken déi de Raymond Suhren erstallt hat, flott illustréiert gouf. Duerno ass deene 16 Membere geduecht ginn déi zënter der leschter Generalversammlung verscheet sinn.

Uschléissend huet de Sekretär Mario Reding den Aktivitéitsbericht 2023 presentéiert. Hien ass am Detail op déi insgesamt 12 Aktivitéiten agaang. Dorënner ware 6 Visitte vu Betriber oder Sehenswürdegkeeten, 2 Trëppeltier, en Dagesausfluch op Metz, eng grouss 7-Deeg Flosscroisière op der Donau a ‚last but not least‘ déi alljärlech „Journée des anciens“. Hien huet och iwwer déi vill Initiative geschwat, déi am Laf vum Joer ënnerholl goufe fir d’Amicale méi bekannt ze maachen a méi attraktiv duerzestellen.


De Keessier Henri Barnich ass duerno op déi finanziell Situatioun vun der Amicale agaang. Dobäi huet hie missen en Defizit verzeechnen, deen haaptsächlech op déi héich Participatioun vun der Amicale bei verschiddenen Aktivitéite zeréck ze féieren ass. Déi 2 Keesserevisoren Marcel Wiltgen an Patrice Garcia hunn him eng exemplaresch Buchféierung attestéiert.


Duerno ass de Fränz Pauly op déi geplangten Aktivitéite vun 2024 agaangen.

D’Generalversammlung huet uschléissend d’Propositioun vum Comité approuvéiert fir d’Cotisatioun fir 2024 onverännert ze loossen.


Nodeems de Comité d’Decharge vun der Generalversammlung krut, gouf e neie Comité fir e Mandat vun 3 Joer gewielt. E setzt sech zesummen aus dem Fränz PAULY (President), Jos. SCHMITZ (Vize-President), Mario REDING (Sekretär), Henri BARNICH (Keessier) an René BERG, Georges GROFF, Norbert NICKELS, Raymond SUHREN a WEIMERSKIRCH Pierre.


Déi 2 Keesserevisore Marcel WILTGEN a Patrice GARCIA sinn „par acclamation“ fir e weidert Mandat vun engem Joer gewielt ginn.


Uschléissend ass de Rudi Belli an enger interessanter Presantatioun op déi aktuell Situatioun vum Finanzsecteur a seng Evolutioun agaang. D‘Yosra Benslimen ass op d’Evolutioun vun der Intelligence artificielle op der Bank agaang.


Zum Schluss gouf e Patt mat engem klenge Maufel vun der Spuerkeess offréiert. Iwwerdeems gouf eng Foto- a Videoshow iwwert d’Aktivitéite vun 2023 gewisen.