Och dëst Joer huet d’Amicale des Anciens SPUERKEESS hir Memberen erëm op déi grouss traditionell « Journée des Anciens » invitéiert.
Den 14. November waren 132 Leit an de Restaurant Hesper Park komm, wou si vum Chef Bruno Gosset a senger Equipe kulinaresch verwinnt goufen.
Den neie Generaldirekter vun der SPUERKEESS, den Här Benoît Elvinger hat et sech net huele gelooss e puer Wierder un déi versammelt Gesellschaft ze riichten an hien huet betount, datt d’SPUERKEESS ganz erfreet iwwert déi äerdeg an engagéiert Equipe vun hire Pensionären ass.
No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Memberen déi am Laf vum leschte Joer vun eis gaange sinn huet de President Fränz Pauly a senger Usprooch der Direktioun vun der Spuerkeess en häerzleche Merci fir hir wäertvoll logistesch, finanziell a moralesch Ënnerstëtzung vun der Amicale ausgeschwat.
E besonnesche Merci goung och un d’Membere vum Comité fir hiren onermiddlechen Asaz an déi vill Aarbecht, déi si am Laf vum Joer geleescht hunn. Duerch hiert Engagement konnten net manner wéi 12 Aktivitéiten organiséiert ginn, dorënner och en 2-Dagesausfluch an Holland.
Ee vun den Héichpunkte vum Dag war, wéi all Joer, d’Éierung vun de Jubilären. Dëst Joer konnten am Ganzen 21 Memberen, déi hire 75., 80. oder e méi héije Gebuertsdag gefeiert hunn, geéiert ginn. Als kleng Unerkennung kruten si e Coffret mat guddem
lëtzebuergesche Wäin iwwerreecht.
Fir 75 Joer goufe geéiert (5) :
HAAS Georges, LACAF Emile, LUCAS-FEITELER Sylvie, MERSCH Arno, SCHMITZ Joseph
Fir 80 Joer (11):
CHRISTNACH-TRAUSCH Lucie, HEIN Gérard, KNELL Jean, KRIES Henri, MOUSEL-KAYL Viviane, OLINGER Marcel, RAUCHS Emile, RAUCHS-MANTZ Margot, RICHARD Michèle, SCHODER-WEIRIG Francine, SCHUMACHER Jean-Marie
Fir 85 Joer (3):
HAUFFELS Richard, MARSO Emile, THILL Joseph
fir 90 Joer :
EICKMANN Willy
a fir 91 Joer:
ERASMY Paul, deen och deen eelste Member op dëser Journée war.
Déi aner 56 Jubilären, dorënner esouguer 3 am stolzen Alter vu 97 Joer, déi leider net un der Journée deelhuele konnten, kréien hir Kaddoen nodréiglech geliwwert.
Eng Foto- a Videoshow, déi de ganzen Dag iwwer am Hannergrond gelaf ass, huet mat ville flotte Biller an Erënnerungen un d’Aktivitéite vun de leschte Joren erënnert.
Bei guddem Iessen, flotte Gespréicher an engem gemittleche Beienee war d’Stëmmung, wéi een et vun den Aktivitéite vun der Amicale gewinnt ass, nees excellent. Déi häerzlech a geselleg Ambiance huet bis an de spéiden Nomëtteg ugehalen.
Esou ass och dës Journée des Anciens zu engem gelongenen Dag ginn, deen nach eng Kéier gewisen huet, wéi wichteg d’Frëndschaft, d’Zesummegehéieregkeet an de Kontakt tëscht de fréiere Mataarbechter vun der SPUERKEESS sinn.