Hesper Fuesent 2026

Mir présentéieren Iech d'Hesper Fuesent 2026!
Traditionell start d'Hesper Fuesent och dëst Joer mam Hesper ALTWEIBERBAL, Donneschdes den 12. Februar mam Sandy Botsch an dem Hoffi-Zambezi hannert den Turntables!

Freides Owes den 13. Februar fënnt wéi gewinnt de PICCOBELLO statt. Op der Bün dëst Joer De Hofnarren, den DJ DEE an Yves Desquiotz a Guy Lepage!

Och eis kleng Fuesgecken ginn dëst Joer net vergiess an dofier organiséiert de BBC Telstar Hesperange Samschdes den 14. Februar hieren traditionellen SNOOPY'S BAL mat Animatioun fir Grouss a Kleng.

Samschdes Owes fënnt de Fortissimo am Hesper Chalet statt, organiséiert vun den Hesper Pompjeeën, Centre d'Incendie et de Secours Hesper.

Den Ofschloss vun der Hesper Fuesent mëscht dëst Joer och erëm den NONNEFASCHTSBAL en Thé Dansant fir Jonk an Al mam Sandy Botsch, Sonndes den 15. Februar ab 14h.

All Infos zur Hesper Fuesent 2026 fannt Dir och bei eis um Site!