D’Hesper Fuesent 2026 ass Geschicht…
Mir sinn e bësse midd, awer virun allem onendlech dankbar. Dankbar fir all eenzelne vun iech, dee vun Donneschdes bis Sonndes mat eis gelaacht, gefeiert, gedanzt an dës Deeg esou onvergiesslech gemaach huet.
Är Präsenz, är gutt Laun an är Ënnerstëtzung sinn dat, wat d’Hesper Fuesent esou speziell mécht. Ouni iech wier dat alles net datselwecht.
E ganz grousse Merci geet och un eis Sponsoren an un all Veräiner, déi eis de ganze Weekend iwwer gehollef an ënnerstëtzt hunn.
An natierlech e Merci vu ganzem Häerz un d’Gemeng Hesper. Ouni hir wäertvoll Hëllef a Vertrauen wier et net méiglech, all Joer nees esou eppes op d’Been ze stellen.
Mir freeën eis elo schonn, iech alleguer nächst Joer erëmzegesinn: vum 4. bis de 7. Februar 2027.
Vun ganzem Häerz: Merci.
Aer Ekipp vun der Hesper Fuesent a.s.b.l.