Malinois Eule siicht en Doheem


Salut, ech sinn d'Eule, eng steriliséiert Malinois- Joffer vu baal 4 Joer. Ech hu bis elo nach net vill erliewt an géif mech free'ën wann ee mir géif eng Chance ginn endlech Opmierksamkeet, Auslaaf, Beschäftegung a Mënschen ronderëm mech ze hunn, déi mer d'Gefill ginn, dass ech wëllkomm sinn😊 E relaxen Véierbeener a mengem neien Doheem wier och net vu Nodeel. Falls dir mech kënneléiere wëllt, mällt iech bei Amiavy ënnert der N.: 621743773, merci, är Eule

-------------------------------------