D’Äischdall-Leefer sinn houfreg, mat dem Erléis vun der 3. Editioun vum Habschter Charity Walk & Run, deen och dëst Joer groussen Zoulaf hat, déi dräi Associatiounen ActTogether asbl , Europa Donna Luxembourg an ASBL Protection des Animaux de Schifflange jeeweils mat engem Scheck vun 3.000.- € ënnerstëtzen ze kënnen.
Eise Club ass stolz dass nieft sengem bekannten traditionellen Äischdall-Trail, deen all Joers de 15. August stattfënnt dëst Joer als Première och mat engem Marathon, lo dëst neit Format am Wanter „Verbrenn Däi Speck fir de gudden Zweck“ sou vill Erfolleg huet. Hei ka jiddereen no sengem Rhythmus lafen, wanderen, eleng oder mat der Famill, mat Kand a Mupp.
Mir hunn dës Course am Wanter an d’Liewe geruff fir sozial a karitativ Organisatiounen ze ënnerstëtzen.
Hei dann och e ganz grousse Merci un all déi, déi eis mat Donen ënnerstëtzen an déi, déi eis hir Zäit an hir Energie schenke fir dass deen Event sou gutt an erfollegräich ka stattfannen.