Grom siicht en Doheem

Virun 8 Joer gouf ech als Welpen mat menger Schwester op der Strooss fonnt. Di Läit, di ons fonnt hunn, hu mech Grom (bosnesch: Donner) genannt. Ech war méi stark ewéi meng Schwester dat et leider net gepackt huet.

Mäi Liewen hunn ech op der Strooss an am Déierenheem verbruecht.

Zum Gléck konnt ech am Oktober bei meng Fleegefamill an de Yoko plënneren. Dat Liewen ass schéin. E bessi traureg ass just, dass kee sech fir mech interesséiert. Ech sinn 8 Joer aal, kastréiert, e braven Schéiferhondmix dee sech mat Mupp a Katz verdréit. Méi Infos bei Amiavy ënnert der N.: 621743773