Centenaire Back Aktioun fir Fuesend

Bravo, Challenge 100 ass gepackt! 

Och dëst Joer hunn ons Explorer erëm hier traditionell „hausgemaachte Verwurelter Entreprise“ duerchgefouert. Den Werbeflyer gouf während den Reuniounen (Samschdes Mëtteg vun 14:00-16:00 amHome) ausgeschafft. Duerch onsen Centenaire, deen mir dëst Joer feieren, entstung Challenge mindestens 100 Portiounen vun je 250 Gramm hausgemaachten Verwurelter ënnert ons Memberen, Bekannten an Frënn ze verdeelen.


Haut, wëllen mir onser ganzer Ekipp aus Explorer, Cheffen an Comité e groussen Wow a Merci soen. Et goufen den 03.02.2018 genau 105 Portiounen verkaft. Dëst Ziel hunn mir zesummen erreecht andeems mir schonn ganz fréih Moies an onsem Home e leckeren Hierfendeeg aus 13 kg Miel preparéiert hunn. Nom Opgoen vum Deeg sinn ca 840 Verwurelter gekniet an vriteiert, verkaf an duerno giess ginn.


Mat der Ennerstëtzung vun eisen Memberen, Bekannten a Frënn konnten mir ons Ziel vun 100 Portiounen Verwurelter fir den 100sten Gebuertsdag ereechen.