Hausgemachten Viz by HoGa Scouting

Et ass Hircht dobaussen, an domader huet och d'Appel Saison ugefangen. Dofir hunn sech ons Scouten an Exploreresou wei ons Tebo an onsen Comité, et sech net huelen geloss, fir ërem den leckeren hausgemachten Appeljus vun der HoGa ze pressen. Et ass schon eng kleng awer lecker Tradition ginn.


Fréi Moies gouf sech beim Home getraff, fir do déi komplett Produktionsstross an der Wiss obzebauen. Géint 9:00 Auer konnt mat der Produktion vum Viz ugefangen ginn. Et huet also dun gehëscht, dass Äppel hunn missten gewäsch an verbotzt ginn, mat Hëllef vun enger Millen kleng gehäckselt an uschleissend mat engem Kelker verpresst ginn.


Geint ca 10 Auer ass den eischten frësch gepressten Viz aus dem Kelker eraus gelaaf an konnt mol gemiterlech an enger Cafépaus zesummen mat enger klenger Mëttch geschmacht ginn.


Wéi all Joer, konnten mir just ërem soen, dat et erem e super leckeren Viz wor, denn einfach net méi frësch, regional, an biologech konnt sinn.


Mir profiteiren elo kurz, fir ons bei onsem Urbstbauer fir d'Appel, an bei onsen Scouten fir Prodution ze bedanken.


Nirft dem Viz goufen zousätzlech nach fleisseg Appel an der Kichen geschnidden wir hausgemachten Appeltäschen, an Appelbeignet ze prépareieren.


Am Nomëttech konnt der HoGa's hiert Appelfest mat bëschter Laun a gudd prépareiert an mat villen natirlechen Appelprodukter lass goen. Am Verkaaf stoung den frësch gepressten Viz, Appelkompott, Appelgelee, an lecker Appeltäschen an Appelbeignet.