Verwurrelter baken bei der HoGa

Troz grousser Covid-Pandemie, hunn sech pünktlech zu der Fueszäit, oh dest Joer 0ns Explorer, zesummen mat den Cheffen an dem Comité am HoGas Home getaff, fi hier Verwurrelter Entreprise ze maach. 


No dem sie an e puer Versammlung den Werbeflyer erstallt hunn an sech ob sich no dem Rezept gemaach hunn, konnten Sie den 05.02.2021 erëm hier traditionell Verwurrelter backen. Et gouf sech schonn fréi am Moien bei ons am Home getraff fir den leckeren Hierfendeeg ze preparéieren.


No dem deen Deeg aus iwert 16 kg Miel an frëschen Bio Eier fäerdeg gerouert war huet dessen nach mussen opgoen, den Perfekten Moment fir eng kleng Paus ze maachen. No der Kaffismëtch, déi gudd geschmacht an ons gestärkt huet, konnt ugefaangenen ginn Verwurrelter ze knieden an uschléissend ze frittéieren. 


Am ganzen sinn ca 1200 Verwurrelter gemaach ginn. Déi fäerdeg Tuten, mat ca 250 g pro Tut goufen uschléissend un ons Memberen a Bekannten verkaaft.


Mir sinn houfreg ob ons Explorer Unitéit an soen all deenen Léit Merci déi eng Hand mat ugepaakt hunn.