Tradition ass erem do

Endlech, konnten mir bei den HoGa Scouten & Guiden ons Bonne Aktioun vum 1.ten Mee erëm wei gewinnt an mat villen positiven Emotiounen duerchfeieren. Et war ons endlech erëm erlaabt onser ällerer Gesellschaft en klengen an awer trotzdeem flotten Besuch ofhalen ze goen.


Fir ons ass de Meekranz e Joerhonnert aalt Symbol vu Fréijoer a Gléck. Dëst Gléck an dat waarmt Gefill vum Fréijoer wollten ons Scouten & Guiden, Rover an Tembo zesummen mat hiren Cheffen erëm an d’Altersheem an den Pafendall bréngen.

Dofir hunn sech ons Scouten vun der HoGa fréi Moies bei hirem Home getraff fir vun do aus an den Bësch ze starten. Am Bësch gouf fläisseg zesummen mat den Rover an Tembo Grengschnett gesammelt, domat duerno zesummen mat den groussen Wëllefcher beim Home e Puer grouss a flott Meekränz gebonnen konnten ginn.

Als kleng Stäerkung virum Bannen gouf et enger leckere Mëtsch an en waarmen Schocki. Fläisseg sinn dëst Joer zwee grouss Kränz an divers kleng Kränz fir den privaten gebrauch gebonnen ginn.


En vun de groussen Meekränz ass un onsen Home opgehaangen ginn. Gemäss der Traditioun vum Meekranz sollen domat déi béiss Gëschter aus dem Home, an esou och aus onsem Grupp, verdriwwen ginn.


Mat dem aneren groussen Meekranz ass et am Kader vun onser traditioneller "Bonne Action" an d'Altersheem "Hospice de Pfaffenthal" gang. No iwwert 3 Joer konnten mir erëm vill bekannten Gesichter erëmgesinn, an awer och vill néi Leit kënnen leieren.

No den Meekranz am Foyer ofgehaangen gouf, konnten ons Scouten & Guiden, Rover an Tembo zesummen mat hieren Cheffen an den Awunner aus dem Altershëmm virum Mëttechiessen e gudden Apero genéissen.


Esou ass och dëst Joer erëm e Stéck Scoutismuss vun den HoGa Scouten & Guiden, an domadder och vill positiv Gedanken an Altersheem bruecht ginn.


Mir hoffen mir konnten den Bewunner vum Altersheem un Dag vun der Aarbecht erëm eng Freed maachen.