Centenaire Kleeserchersfeier vun der HoGa

Dëse Weekend war et erëm esou weit. Onsen Group HoGa Scouten & Guiden aus der Staat hunn sech mat Frënn an der Famill ob der traditioneller Kleeserchersfeier getraff. Mee ganz esou traditionell war et dëst Joer dann awer net. Kleeserchersfeier ass wéi soll et och anescht dëst Joer sinn ganz ënnert dem Thema 100 Joer HoGa gelaf. Tréi zu onsem Centenaire hunn Kanner sech iwwert dat ganzt 1t Scoutstrimester mat der Geschicht vun onsem Grupp befaasst an aus den Haa

ptpunkten lëschteg Sketcher entworf, déi dunn all onsen Memberen an Frënn presentéiert goufen.


Hai en kleng Opzielung vun den Geschichtlechen Punkten: am Joer 1917 wou Grënnung vum Grupp „Boy Scouts de Hollerich statt fonnt huet an och schonn den 1. Scoutscamp vum Grupp zu Roedgen war. Am Joer 1938 war Grënnung vun enger Wëllefchers Meute. Natierlech war 1945 och de Grupp ob der Victory Parade dobäi an hunn Grand-Duchesse Charlotte begréisst. Ab 1972 konnten och Meedercher un den Aktivitéiten deel huelen. Am Joer 1994 gouf Beaver Stuff (6-7) opgemaach an puer duerno 2004 kruten mir en néien Home an der Péitruss. 2006 gouf iwwer Grenzen eraus gekuckt an eng Partnerschaft mat engem däitschen Scoutsgrupp (Tscherkessen) agefouert déi nach bis haut besteet. 2007 waren Festivitéiten „100 Joer Scoutismus“ an 2014 den Camp Together vun der FNEL fir hier 100 Joer. Elo 2017 stinn mir nach ëmmer an versammelter Mannschaft zesummen fir den Scoutismuss zu Lëtzebuerger.


Den Kleeschen an den Houseker hunn sech et net huelen gelooss och dëst Joer bei ons laanscht ze kommen an als Gratulatioun kruten sämtlech Memberen nach e klengen Kaddoe vum Kleeschen iwwerreecht.