HoGa Explorer Entreprise Verwurrelter backen

Pünktlech zu der Fueszäit, hunn sech ons Explorer erëm Gedanken em hier Verwurrelter Entreprise gemaach. No dem Sie an e puer Versammlung den Werbeflyer erstallt hunn an sech ob sich no dem perfekten Rezept gemaach hunn, konnten Sie den 09.02.2019 erëm hier traditionell Verwurrelter backen.


Samschdes den 09.02.2019 gouf sech schonn fréi am Moien getraff fir den Hierfendeeg ze preparéieren. No dem deen Deeg fäerdeg war, an och uerdentlech obgaangen ass, konnt ugefaangenen ginn mat Verwurrelter ze formen, an uschléissend ze frittéieren. 


Am ganzen sinn ca 620 Verwurrelter gemaach. Déi fäerdeg Tuten, mat ca 250 g pro Tut goufen uschléissend un ons Memberen a Bekannten verkaaft.


Mir sinn houfreg ob ons Explorer Unitéit "high Unicorn" an soen all deenen Léit Merci déi eng Hand mat ugepaakt hunn.