Kraider Kuer bei der HoGa

Erkennen wat an der Natur wiisst, iessbar ass oder net? Wéi riicht an wéi schmaacht et? Ennert der Leedung vum Stéphane Meyer hunn sech Cheffen, Comité an Frënn haut getraff, sinn duerch d'Péitruss getrëppelt, hunn lenks a riets gekuckt, geroch, geschmaach an hunn zesummen en ganzen Menu gekacht. Vill Planzen wuessen direkt virun eisen Aan, mir hunn ganz vill Interessantes geléiert.