Schwiereg Zäit gudd iwwerbréckt.

D’Lidderuucht op der Europeade zu Gotha

Endlech, ouni Restriktiounen konnt d’Generalversammlung vun der Lidderuucht Lëtzebuerg ofgehale ginn. De neie President, Carlo Stemper, huet déi Aktiv an Inaktiv Memberen souwéi d’Vertrieder vun UGDA, Hollerecher Musek, La Ronde Beetebuerg, an den Éierepresident vun der Lidderuucht, begréisst a verschidden Mercien ausgeschwat. Dorënner e grousse Merci fir de Chef, Claude Hornick, an d’Brëttelspianisten: Marguy Harsch-Ersfeld an Mike Marnach fir hiren Asaz, trotz der schwiereger Situatioun, ouni awer och d’Sängerinnen a Sänger net ze vergiessen. Uschléissend eng Gedenkminutt fir déi verstuerwen Memberen aus deem vergaangene Joer. Am Rapport vun der Sekretärin, Hornick-Hoffmann Geneviève, war ze héieren dass, 32 Prouwen an 9 Comitéssëtzungen waren. Och d’Optrëtter sinn erfreelecherweis nees erop gaang, esou dass nach 15 Optrëtter konnte realiséiert ginn mat enger erfollegräicher awer schwiereger internationaler Participatioun um “World Folklore Festival San Remo” Weider goung et mam Keessebericht, dee vun der neier responsablen fir d’Keess, Nathalie Wagner-Larosch, virgestallt gouf. Hei ass ze gesinn dass e klengen Defizit entstanen ass, duerch Manktem vun Optrëtter an och enger gréisser Ausgab beim Festival vu San Remo. De Keessebericht gouf vun de Keesserevisoren fir gutt befonnt a vun der Versammlung bestätegt. Als Member vum Comité, gouf d’Francine Decker bestätegt an de Joe Polfer als neie Comitémember opgeholl. Weider goung et mat engem grousse Merci vum Chef, un Brëttelspianisten ,d’Sängerinnen a Sänger fir hiren Asaz an dëser schwiereger Zäit. D’Zukunft gesäit besser aus mat méi Optrëtter, dofir en Opruff vun him, dass jiddereen gefuedert ass Asaz ze weisen. Am Numm vun der UGDA huet d’Madame Suzanne Kramer der Lidderuucht Merci gesot fir hiren Asaz an déi gutt Zesummenaarbecht. Uschléissend goufen verdéngschtvoll Sängerinnen a Sänger, vun hir, ausgezeechent: Jean-Paul Poos, Daniel Decker, Spéngel fir 5 Joer. Marc Haas, Medaille fir 10 Joer. Yvonne Müller, Chantal Hoffmann, Medaille fir 20 Joer. Weider goufen nach verschidden Memberen geéiert fir 15 Joer oder méi Aktivitéit an der Lidderuucht. Nicole, Marguy, Margréit, Liliane, Mady, Mariette, Marcel, Paul, Fränz, Mike R., Charel.

Ofschléissend bei der fräier Aussprooch gouf confirméiert dass “D’Lidderuucht Lëtzebuerg” op der der Lëscht vun der UNESCO, fir Immateriellt Kulturierwen steet. En Ofzeechen dovun gëtt op onse Site gesat. Weider gouf och nach préciséiert dass d’Lidderuucht nächst Joer 40 Joer besteet, an dofir Leit gesicht ginn fir Feierlegkeeten ze organiséieren. Infoen op www.lidderuucht.lu