Buergbrennen 2019 zu Housen

Am Joer 2019 hunn d'Frënn vum OPEN-AIR Housen Asbl éischtmoleg nom Opléisen vun der Jeunesse Housen d'Buergbrennen organiséiert.

Dës Kéier dann fir d'éischt op Buergsamsdeg, wou sech owes bei dréche kalem Wieder eng 100 Leit an och vill Kanner afonnt haten fir zesummen dëse Gebrauch ze feieren.

Bei engem leckeren Ierbsebulli an engem Patt gouf sech bei gudder Stëmmung vum Wanter verabschit.