Buergbrennen 2022 zu Housen

Samschdes de 05 Mäerz 2022 gouf zu Housen traditionell d'Buerg verbrannt, dëst ënnert der Organisatioun vun der FOAH Asbl.

Bei stralendem Sonneschäi gouf d'Buerg de ganzen Dag iwwer gebonnen an opgebaut fir owes verbrannt ze ginn.

Och eng feelgeschloe Brandstëftung an der Nuecht virdru konnt eis eis gutt Laun net verdierwen.

Mir soen alle Leit Merci déi eis ënnerstëtzt hunn an déi op iergend eng Aart a Weis eng Hand mat ugepaakt hunn.

Bei frëndlechem Wieder ass domat de Wanter verabschid ginn a mir freeën eis op d'Fréijoer an op de Summer mam Comeback vum OPEN-AIR HOUSEN 2022!

Mir soen de Leit Merci fir d'Kommen a fir d'Disziplin op der Plaz.

Bis 2023!