Buergbrennen zu Housen 2021

Samschdes den 20.02. gouf zu Housen traditionnel d'Buerg verbrannt, dëst ënnert der Organisatioun vun der FOAH Asbl.

Trotz den aktuell schiewerege sanitäre Bedingunge konnt des Traditioun domat awer erhale ginn.

D'Visiteuren déi owes de Wee op d'Plaz fonnt haten, konnten d'Buerg bequem aus dem Auto, oder op enger vun de Sëtzplazen aus kucken.

Duerch déi nei Plaz "Um Knupp" konnten och vill Duerfleit bequem d'Buerg vun doheem aus kucken.

Bei frëndlechem Wieder ass domat de Wanter verabschied ginn.


Mir soen de Leit Merci fir d'Kommen an fir d'Disziplin op der Plaz.


Bis 2022!