Scheckiwwerreechung vun der FOAH Asbl vum 22.10.2022

Den 22. Oktober hate sech d'Membere vun de Frënn vum OPEN-Air Housen Asbl, am Kader vun der Joeresofschlossfeier, zu Housen um Camping zu enger Feierstonn afonnt.


No der erfollegräicher 23. Editioun vum OPEN-AIR Housen, déi traditionell den 1. Weekend am Juli ofgehale gouf, konnt aus dësem Erléis ee Scheck vu 5.000. Euro un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht ginn. Dëst ass op Initiativ vum Eric Nosbusch, besser bekannt als DJ Nosi, geschitt, deen dës Iddi proposéiert hat an déi och vum Kommitee direkt ugeholl gi war.


No der Begréissung vum Veräinspresident Roland Heinen, huet de Buergermeeschter Romain Wester dem Veräin Merci gesot fir d'Ënnerstëtzung an d'Initiativ, mee och fir déi grouss Disziplin an den Engagement bei der alljärlecher Organisatioun vum Houser OPEN-AIR, deen aus dem Agenda vun der Gemeng net méi ewechzedenken ass an och seng fest Plaz soll behalen.


Et war dunn d'Mme Denise Weimerskirch, déi am Numm vun der Fondatioun "Kriibskrank Kanner" ee grousse Merci ausgesprach huet fir dee flotte Geste an duerno kuerz drop agaangen ass wat d'Fondatioun alles mécht a wéi d'Famille resp. Patiente konkret vun hinne gehollef kréien. De ganz héijen Opwand deen hei bedriwwe gëtt fir Leit a virun allem Kanner an Nout ze hëllefen ënnersträicht dann och nach eemol d'Wichtegkeet vun Donen a Spenden op déi si dann och ugewise sinn, fir weider kënnen ze funktionéieren an ze hëllefen.


No dem offiziellen Deel huet de Veräin sech dunn op de Wee gemaach op seng éischt Marche gourmande an den Dag ass bei gudder Laun, guddem Kascht a deem engen oder aner Patt zesummen ënner Kolleegen op een Enn gaangen.